3.000 Uriff d'WochMéi wéi 150.000 mol hu Leit am Call Center vun der Mobilitéitszentral ugeruff

RTL Lëtzebuerg
Dat si bal 3.000 Uriff d'Woch, déi déi 15 Mataarbechter vun deem Service entgéinthuelen. 71 Prozent vun dësen Uriff konnte beaarbecht ginn.

Net grad all 100. huet ugeruff, fir sech iwwert eppes ze beschwéieren. An de meeschte Fäll hätten d’Reklamatioune kënnen um Telefon gekläert ginn. Donieft hunn och eng 10.000 Leit sech per Mail oder Bréif bei mobilitéit.lu gemellt, gutt 3.000 dovu ware Reklamatiounen.

Déi Zuelen nennt de Mobilitéitsminister François Bausch

an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun de Piraten.

Back to Top
CIM LOGO