
Besonnesch grousse Succès hat de Circuit VëloViaNorden oder de Family Tour am Süden. Alles an allem hu 67 Gemenge bei der Aktioun matgemaach. Déi 13 Tier waren zesumme méi wéi 500 Kilometer laang. 82 dovu ware fir d‘Cycliste reservéiert. D‘Ministere Backes an Thill hunn e Mëttwoch de Bilan vum Vëlosummer 2024 publizéiert. Eng 6. Editioun fir de Summer 2025 ass schonn am Gaang, geplangt ze ginn.