Ausbau vum TramMëtt des Joers vu Bouneweg bis op d'Cloche d'Or

Christophe Hochard
Aktuell lafen d'Ausbauaarbechte vum Tram vu Bouneweg a Richtung Cloche d'Or. Dëse neien Tracé huet eng Längt vu ronn 4 Kilometer.
Ausbau vum Tram - Am Juni vu Bouneweg bis op d'Cloche d'Or
Aktuell lafen d’Ausbauaarbechte vum Tram vu Bouneweg a Richtung Cloche d’Or. Dëse neien Tracé huet eng Längt vu ronn 4 Kilometer.

Den Ament gëtt vill um Houwald geschafft. Hei entsteet ënner anerem den neie Pôle d’Echange. Duerch déi sougenannten “Y Bréck” gëtt den Houwald mat der Cloche d’Or verbonnen.

Am Rhythmus vu 6 bis 8 Minutte fiert den Tram duerno op dëser neier Streck. 5 Haltestelle sinn op dësem Tracé virgesinn.

Ufank 2025 soll den Tram dann och un de Findel ugebonne sinn. Och hei kommen d’Aarbechte gutt vun der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO