An annerhallwer Woch ass Nationalfeierdag. Am Kader vun de Preparatioune fir d’Festivitéite sinn en Donneschdeg an der Mëttesstonn - tëscht 12.15 an 12.25 Auer - zwee Transportfligeren déif iwwer d’Stad geflunn. Den A400M an den A330 Multi Role Tanker Transport (MRTT) hunn zwee Trainingsvolle gemaach, déi notamment ënnert anerem iwwer d’Nei Avenue goungen. Dat hat de Service Information et Presse vun der Regierung am Virfeld matgedeelt.
Ma net nëmmen an der Stad konnt een d’Fligeren erblécksen. Och zum Beispill am Raum Dikrech, Ettelbréck a Feelen waren d’Fligere gutt ze gesinn.
E Sonndeg gëllt et d’Nei Avenue an der Stad z’evitéieren. Dës ass nämlech bal de ganzen Dag gespaart.
Dat well dann d’Militärparad fir Nationalfeierdag geprouft gouf. Vun e Sonndeg 7.30 Auer un dierfen deemno an der neier Avenue keng Gefierer méi zirkuléieren. Dat gëllt och fir d’Stater Busser a fir den Tram. An den Niewestroossen op der Gare a beim Rousegäertche gëllen iwwerdeems Parkverbueter.
