Frankräich lancéiert PilotprojetMini-Zuch soll Passagéier bis virun d'Dier bréngen

RTL Lëtzebuerg
E Gefier, sou grouss wéi en Auto, dat op de Schinnen an op de Stroossen ënnerwee ass, kéint deemnächst Realitéit bei eise franséischen Nopere ginn.
© AFP/Archives/LOIC VENANCE

“Flexy” heescht de klengen Zuch, deen op kuerze Strecke soll an den Asaz kommen. Duerch déi speziell Rieder kann d’Maschinn op der Strooss an op Schinne fueren. Geduecht ass dëst Transportmëttel fir Niewestrecken, op deene sech klassesch Zich net loune géingen, heescht et vun der SNCF. An éischter Linn soll de “Flexy” op Strecke fueren, déi tëscht 10 an 30 Kilometer laang sinn. D’franséisch Eisebunn huet sech als Zil gesat, de Pilotprojet “Flexy” am Joer 2024 ze starten. Zil ass et, den ëffentlechen Transport am ländleche Raum ze verbesseren a géint de Klimawandel virzegoen.

An deem Kader wëll d’franséisch Bunn zwee weider Gefierer testen. “Draisy”, en Zuch, dee vun engem Akku bedriwwe gëtt an 80 Plazen zielt (30 Sëtzplazen), soll op Wonsch-Arrête vun de Passagéier stoe bleiwen. Hei soll d’Testphas 2025 ufänken. E weideren innovative liichte Batterie-Zuch (TLI) soll eng 100 Passagéier transportéieren, de Verschläiss vun de Schinne reduzéieren an e méi dichte Fuerplang op Linne mat enger méi gerénger Nofro erméiglechen.

Ganz nei ass d’Iddi allerdéngs net, dass e Gefier gläichzäiteg op Stroossen a Schinne fuere kann. An de 50er Jore gouf schonn e Schinne-Stroossen-Omnibus vun der däitscher Bunn (DB) getest. Allerdéngs war d’Technik ze ëmständlech, dowéinst gouf de Betrib séier agestallt.

Back to Top
CIM LOGO