Wichteg Verbindung tëscht Frankräich an ItalienMont-Blanc-Tunnel vun e Méindeg u fir zwee Méint gespaart

RTL Lëtzebuerg
Et ass en vun de wichtegste Stroosseverbindungen tëscht Frankräich an Italien, ma fir déi nächst zwee Méint sinn Entretiensaarbechten am Mont-Blanc-Tunnel.
© AFP

Wéi d’Bedreiwerfirma matgedeelt huet, si gréisser Aarbechten um 60 Joer alen Tunnel ze maachen. Am Mëtteldeel solle Buedemplacken erneiert ginn, donieft gëtt d’Belëftungsanlag ausgetosch. Vum 18. Dezember u soll den Trafic dann nees rullen.

U sech sollten d’Entretiensaarbechte schonn am September ufänken. No engem Äerdrutsch am Fréjus-Tunnel, eng weider wichteg Verbindung tëscht Frankräich an Italien, war de Projet allerdéngs verréckelt ginn.

Normalerweis fuere pro Dag eng 3.600 Autoen an 1.700 Camionen duerch de knapp 12 Kilometer laangen Mont-Blanc-Tunnel. Am Mäerz 1999 ware bei engem Brand am Tunnel 39 Mënschen ëmkomm. Eréischt no dräi Joer war den Tunnel dono nees op.

Back to Top
CIM LOGO