
Et steet ee mat sengem Auto am Stau, do bleift näischt aneres iwwereg wéi Gedold hunn. Einfach aus dem Stau erausfueren, kann ee meeschtens net. Ma fir d’Motorradsfuerer schéngt dat awer net ze gëllen. Et gesäit ee se ëmmer rëm am Slalom tëscht de Gefierer duerchfueren, fir de Stau ze ëmgoen. Praktesch fir de Motard, dacks net esou gäre gesi bei den Autosfuerer, mee dat wichtegst: zu Lëtzebuerg net legal. Dëst kéint an Zukunft awer änneren. Informatioune vum Mobilitéitsministere no, géifen zu dësem Sujet nämlech Negociatioune lafen, fir eng Analys ze maachen.
Virun e puer Deeg wollten eis Kolleege vum RTL 5minutes vun de Lieser wëssen, wéi si iwwert de Slalom vun de Motorradsfuerer am Stau denken. Ronn 1.800 Leit haten hei deelgeholl a ganzer 73 Prozent vun de Participanten (1.370 Stëmmen) ware sech eens: Et sollt als Motard erlaabt sinn am Stau tëscht de Gefierer ze fueren.
Ma nëmmen ee Véierel vun de Participante waren dogéint a knapp 2 Prozent haten eng aner Meenung.

Apocalypse_now: “Ech sinn zënter 30 Joer Motard, ech hu schonn 1 Millioun Kilometer zeréckgeluecht, mam Moto a mam Auto. Wann den Trafic leeft, huet de Moto kee Slalom ze maachen. Dat ass geféierlech.
Wann den Trafic steet oder et just nach lues virugeet, sollten d’Motarde laanscht fueren dierfen, wéinst folgende Grënn:
1. D’Motarden ootmen d’Ofgase vun den Autoen direkt an. Et gëtt keng Klimaanlag oder e Filter an den Helmer.
2. Normalerweis hu Motarden hir Schutzkleedung un (Jacket, ...) mat Protektiounen, déi immens waarm sinn, wann ee steet. Et ass wéi eng Sauna an der Sonn. De Wand killt of an gëtt dem Motard méi Sauerstoff, wann e fiert.
3. Motorieder si schwéier an am Schrëtttempo fueren, kascht de Motard immens vill Energie. Dat mécht de Motard vill méi séier midd wéi den Autosfuerer.
4. Verschidde Motarde wëlle sech vu Geforenzonen distanzéieren.”
danielalexandre: “Ech sinn Motard an ënnert der Konditioun, dass ee seng Vitess op soe mer 25 Kilometer d’Stonn limitéiert, wann een tëscht de Gefierer fiert an een ëmmer oppasst, ob keen Auto d’Spuer wiesselt, verleeft alles gutt. Dat alles mat engem Merci un d’Autosfuerer, déi eis laanscht loossen.”
GiLLL: “De Problem ass, dass seriö Motorradsfuerer, déi Slalom duerch den Trafic am Schrëtttempo fueren, rar sinn. Méi dacks sinn et Motarden, déi mat extremer Vitess duerchfueren. Et ass och net seelen, dass d’Stuntmänner op 2 Rieder mat 120 Stonnekilometer op der Beschleunegungsspuer iwwerhuelen, fir op d’Autobunn ze fueren. Ech sëlwer si jorelaang Moto gefuer a soen Nee zu dëse geféierleche Methoden.”
Marie: “Nee, well wann een am Trafic iwwerhuele wëll an een de Motard net gesinn huet, ass et ëmmer eis Schold. Dat well een net op den doudege Wénkel opgepasst huet, obwuel am Stau keen am doudege Wénkel ugefuer komme sollt. D’Ambulanz, d’Pompjeeën oder d’Police maachen ëmmer mat bloe Luuchten a Sireenen op sech opmierksam, also stellt sech d’Fro do guer net.”
G. : “Ze geféierlech. Et gesäit ee se net kommen oder ze spéit am leschte Moment. Verschiddener maachen e Slalom, eemol no riets, eemol no lénks. Dobäi ass vu riets iwwerhuele souwisou verbueden!”
Ma egal ob dofir oder dogéint. Zu Lëtzebuerg ass de Slalom am Stau net erlaabt. An der Belsch an a verschiddenen Departementer vu Frankräich ass et awer legal.