Ze vill TraficN33 tëscht Keel an Téiteng soll reamenagéiert ginn

Roy Grotz
Gezielt goufen op der Streck tëscht Téiteng a Keel an der Parallel-Achs iwwer 13.000 Gefierer iwwer den Dag verdeelt.
© RTL-Archiv

Bei der Debatt ëm déi nei-gewielte Conseilleren zu Keel an Téiteng wäert sécher och d’Verkéiers-Situatioun am Keeldall eng Roll spillen. Et ass eng Strooss, déi als Schläichwee gëllt, fir a Frankräich ze fueren, esou datt d’Awunner reegelrecht am Trafic erstécken.

E Contournement ass net dran, sou datt d’N33 wäert reamenagéiert ginn, woubäi och eng Busspuer an eng Vëlospist wäerten integréiert ginn.

De Rond-Point zu Keel an den Echangeur fir hannert der Uertschaft op d’Collectrice sollen allebéid mat Roude Luuchten equipéiert ginn. Duerfir gëtt de Keeler Rondel och zu enger Kräizung, wou d’Busser wäerten d’Prioritéit kréien.

Dës Pläng sinn lo um Niveau vun engem Virprojet, sou detailléiert et de Mobilitéitsminister François Bausch a senger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum CSV-Deputéierten Marc Spautz.

Ernimmt gëtt och, datt d’Zuchstreck tëscht Rëmeleng a Näerzeng wäert verstäerkt ginn.

PDF: N33 am Keeldall gett reamenagéiert

Back to Top
CIM LOGO