Klima-EnquêteNächste Won soll fir 51% vun de Lëtzebuerger en Hybrid- oder Elektroauto ginn

Roy Grotz
Domadder läit Lëtzebuerg 16 Prozentpunkten ënnert der Moyenne an der EU a lant op der zweetleschter Plaz, ganz knapp virun Tschechien.
© Jack TAYLOR / AFP

51% vun den Awunner am Land, déi an Zukunft en neien Auto wëlle kafen, soen, datt dëst en Hybrid- oder Elektro-Won wäert ginn. Dat si 16 Punkte manner wéi d’europäesch Moyenne an dëser Fro.

© BEI

Deemno optéiert d’Hallschent vun de gefrote Persounen och bei engem weideren Autoskaf nach ëmmer fir e klasseschen Diesel oder Bensinner. Dat geet aus der neister Klima-Enquête vun der Europäescher Investitiounsbank ervir, déi bei engen 30.000 Leit aus 30 europäesche Länner duerchgefouert gouf, dorënner och dem Grand-Duché.

© BEI

D’Conclusioun aus dëser Enquête virop: och hei am Land sinn déi gefrote Leit sech den Effekter vum Klimachangement gewëss an änneren ëmmer méi hir Gewunnechten, fir nohalteg duerch aner Mëttel vu Mobilitéit an engem Wiessel am Konsum méi bewosst hir Engagementer ze huelen.

D’ökologesch Transitioun ass deemno kee friemt Wuert méi hei am Land - op d’mannst, wann een de Resultater aus der Klima-Enquête vun der Europäescher Investitiounsbank wëll gleewen, déi am Hierscht gemaach gouf - ëmmerhi bei engem Echantillon vun 30.000 Leit.

Ma Lëtzebuerg ass awer mat dësem Resultat quasi d’Schlussliicht an der EU, just virun Tschechien. Am Verglach zu der Majoritéit vun der EU hänken also nach vill Lëtzebuerger un den Autoen, déi mat Bensin an Diesel lafen. Och Länner wéi Däitschland, Frankräich an Éisträich leie ganz hannen an der Enquête, ma ëmmer nach virum Grand-Duché. Ganz vir fënnt ee Länner wéi Zypern, Portugal, Rumänien oder Malta, déi generell also méi e fortschrëttlecht Denken a Saache Mobilitéit entwéckelt hunn.

© BEI

An dëser Ëmfro soten dann och 56% vun de gefrote Leit, datt si de Klimawandel am Hannerkapp hunn, wa si hir Reesdestinatioun wielen.

Interessant och ze notéieren, datt 38% vun de gefrote Jonke soten, datt si éischter Second-Hand-Kleeder kafe wéi nei Saachen.

© BEI

En aneren interessanten Taux ass, datt 70% vun de gefroten Awunner soten, datt si alles géife maachen, wat an hirer Muecht stéing, fir am Dagdeegleche géint de Klimawandel z’agéieren. Sou sote 34% vun de Residenten am Land, datt si beim Choix vun der Bank oder dem Placement vum Erspuerten d’Effete vum Klimawandel géife consideréieren.

Hei déi komplett Enquête vun der BEI.

Back to Top
CIM LOGO