No éischter rouegen 8 Méint, beschreift den zoustännege Minister François Bausch de Bilan vun de Méint September an Oktober als eng Katastroph, wat d’Zuel u schwéier Blesséierten an Doudesaffer ubelaangt. Et kéint een ni genuch sensibiliséieren. Déi neist Campagne vu Ministère a Sécurité Routière stellt dëst Joer de géigesäitege Respekt am Verkéier an de Mëttelpunkt. Acteure spillen Zeenen aus dem alldeegleche Verkéier no. Wien d’Leit direkt uschwätze wëll, muss fir en Iwwerraschungsmoment suergen.A 7 verschidde Spotten gëtt sech dermat beschäftegt, wéi Foussgänger an Automobiliste mam Handy ëmginn. Thematiséiert gëtt och den Ofstand zum Cyclist, den doudege Wénkel, de Winker. Kléng Gesten, déi derzou bäidroen, dat Zesummeliewen um Vëlo, am Auto am géigesäitege Respekt leeft.“Déi meescht Spotte schwätze vu Saachen, wou een einfach de Respekt temoignéiert vun deenen aneren Verkehrsteilnehmer. Dorëms ass et mer gaangen. Manéieren a Respekt ass eppes wat, een am Verkéier an am alleguerte Liewen erëm eng Kéier däerf aféieren”, sou de Paul Hammelmann, President vun der Sécurité Routière.Dëst Joer gëtt sech bewosst net mat der Vitess, dem Alkohol an der Ceinture beschäftegt. Ma éischter sinn et d’Klengegkeeten, déi um Enn am Alldag nerven.“Dat och dann zu Accidenter féiert: wann ech eng kéier net oppassen op den doudege Wénkel an et kënnt e Vëlosfuerer op der Pist riets gefuer, da kann ech deen, wann ech ofbéien técken. Wann ech de Winker net eraus maachen. Wann ech d’Distanz net anhalen. Alles dat sinn kleng Deeler, déi solle beleeën an där Campagne, datt et op alles ukënnt”, sou de Mobilitéitsminister François Bausch. Spezialisten hunn d’Accidenter bis an de leschten Detail analyséiert. Eng vun hire Konklusiounen: D’lescht Joer huet d’Onopmierksamkeet an 164 Fäll, wou Mënsche schwéier blesséiert goufen, respektiv souguer gestuerwe si mat eng Roll gespillt. “Wa mer alleguerte méi géifen een deen anere respektéieren, och andeem mer de Code de la Route respektéieren, da mengen ech géife mer och an der Sécurité Routière weider kommen. Ëmsou méi ass dat eng Ursaach fir och dës Campagne z’ënnerstëtzen”, sou d’Reaktioun vum André Schaack, dee bei der Police fir Verkéier a Verkéierssécherheet responsabel ass. Iwweregens, de Winker net umaachen, kascht 74 Euro. E Beispill u Protokoller wann ee sech net un d’Reegelen am Verkéier hält. En Ëmfeld, andeem mer um Enn all vulnerabel sinn.