Fir eng besser MobilitéitNeien "mConcept"-Service fir Entreprisen an Aktivitéitzone presentéiert

RTL Lëtzebuerg
Den Transportministère huet e Mëttwoch en neie Service lancéiert, fir Betriber bei der Mobilitéit ze beroden.
© RTL Archivbild

Mat der “mConcept"-Plattform sollen Entreprisen an Aktivitéitszone gehollef kréien, Mobilitéitspläng opzestellen, fir d’Weeër op d’Aarbecht fir hir Mataarbechter ze verbesseren a si z’encouragéieren, op Co-Voiturage, ëffentlechen Transport an d’douce Mobilitéit zréckzegräifen.

Bis ewell ginn et landeswäit 91 där Mobilitéitspläng. Iwwert den neie Service kréien d’Betriber elo och eng personaliséiert Internet-Plattform, op där d’Mataarbechter de séierste Wee op d’Schaff, respektiv fir heem kënne fannen.

PDF: Schreiwes mat den Detailer iwwert den neien mConcept

Back to Top
CIM LOGO