
Éischter zoufälleg zum Motorsport komm, dunn duerch di grouss “Porsche Schoul” gaangen, an de Porsche Carrera Cup Däitschland, dat ass haut seng Disziplin.
Qualifikatioun ass do bal méi wichteg wéi d’Course selwer?
Carlos Rivas: Et ass esou, dass am Carrera Cup Däitschland d’Autoen all genee d’selwecht sinn. Mat enger schlechter Qualifikatioun huet een do an der Course schlecht Karten.
Wann hien d’Joer 2022 Revue passéiere léisst, da bleift wat vun der Rennstreck oder aus der Boxegaass hänken?
Carlos Rivas:Zu Zandvoort hat ech eng schlecht Quali, an du sinn ech als zweetleschte fortgefuer, an en plus nom Start hat ee sech gedréit an ass a mech gerannt an do war meng Course eriwwer. Mee et gouf awer och Positives. Zu Imola, wou ech déi zwou Coursse gewonnen hunn. Ech wollt och op dëser Plaz dem Porsche Zenter Lëtzebuerg Merci soe fir hir Ënnerstëtzung.
An och mat 45, 2022 eng 4. Kéier Champion an der ProAm-Kategorie. Am Sport kuckt ee jo ëmmer no vir. Wat huet ee sech da virgeholl fir d’Saison 2023?
Carlos Rivas: Mir hunn d’Meeschterschaft elo 4 Mol hannerenee gewonnen. An ech hu mir geduecht, wann ee mech elo an e puer Joer freet, wat hues du gewonnen, dass ech da ka soen “eng Hand voll”. Dat sinn der jo 5, deemno e 5. Titel, dat wier net schlecht.
Dir wësst et, mir léieren op dëser Plaz eisen Invité och e Stéck méi privat kennen. An och hei huele mir Plaz um Bäifuerer Sëtz. Apropos Bäifuerer. Kann een als Pilote de Course e gudde Bäifuerer sinn?
Carlos Rivas: Jo mëttlerweil. Ech sinn do e bëssche méi relax ginn, an deem Sënn, dass ech elo nieft Piloten op der Rennstreck sëtzen an deenen Tipps ginn oder si coachen. Mee vläicht géifen déi soen, dee mécht mech just nervös.
Elo mol dann erof vum Circuit. Wat fir en Typ Chauffeur ass de Carlos Rivas do esou?
Carlos Rivas: Definitiv kee Rennfuerer op der Strooss. Et huet een e gewëssene Reflex op enger Streck, déi een da méi oft fiert, do weess e genee wou bremst een, wéi hëlt een déi Kéier, am Naassen, am Dréchnen, am Schnéi.
Ëmmer deen neiste Modell oder och e Faibel fir Oldtimer?
Carlos Rivas: Mech faszinéiert effektiv Technologie, nei Technologie, nei Saachen, an dofir léiwer dat, wéi vläicht en Oldtimer.
Ëmmer op 4 Rieder ënnerwee, oder gëtt de Volant och emol vläicht mam Guidon getosch?
Carlos Rivas: Definitiv. Alles wat Adrenalin bréngt ass gutt. Ech fueren och Motorrad, net op der Rennstreck aus deem einfache Grond, dass ech net am Carrera Cup ausfale wëll. Et ass eppes anescht wéi Auto fueren, mee et mécht och vill Spaass.
Hand op d’Häerz, wou steet de Punktekonto?
Carlos Rivas: 12! 12 vun 12, ech sinn e ganz responsabele Chauffer am Alldag.
Gléckwënsch un eis Nolauschterer ginn et natierlech och.
Carlos Rivas: Jo natierlech wënschen ech jidderengem alles Guddes fir dat neit Joer wat elo kënnt, an ech mengen, dass dat eis méi Positives bréngt.
Bonne Route fir d’Joer 2023 wënscht iech natierlech och di ganz Automag-Ekipp.