Skypark Business CenterNieft dem Flughafen um Findel entsteet en Hotel
130 Kummere soll den Hotel am Skypark Business Center kréien, deen den Ament nieft dem lux-Airport um Findel gebaut gëtt.
"Skypark Business Center South" um Findel (9.5.23)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
De “Moxy Hotel Luxembourg Airport” gehéiert zum Hotel-Grupp Marriott International a soll bannent der éischter Hallschent vun 2024 opgoen. Geplangt ass och eng direkt Connectioun mam Tram, dee jo och am Joer 2024 bis op de Findel fuere soll.
De gesamte Skypark Business Center, deen nieft dem Hotel och Büroen a Restauranten ëmfaasse soll, gëtt zanter 2019 gebaut. Datt d’Gebai an Zukunft och fir d’Offäerdege vu Fluchpassagéier genotzt gëtt, ass net geplangt, heescht et op Nofro hi vum Mobilitéitsministère.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.