"Raoul"No 20 Joer bleift weider Loft no uewen

Jeannot Ries
20 Joer sinn et hier, datt déi éischt Affichë laanscht d'Lëtzebuerger Stroossen opgehaange goufen.
"Raoul" - No 20 Joer bleift weider Loft no uewen
20 Joer sinn et hier, datt déi éischt Affichë laanscht d’Lëtzebuerger Stroossen opgehaange goufen.

“Roule Raoul” - Dat op engem Ament, wou praktesch een déidlecht Verkéiersaccident vun zwee an der Nuecht vu samschdes op sonndes geschitt ass. Mat virop dem explosive Cocktail: Vitesse - Alkohol.

Fir de Chauffeuren an d’Gewëssen ze rieden, weist de President vun der Sécurité Routière Paul Hammelmann am November 2002, op enger Pressekonferenz vun der Sécurité Routière, Doudesannoncen aus der Zeitung.

“Op där Säit do ass keng aner Doudesannonce wéi Verkéiersaffer.”

Zanter hier hunn d’Mentalitéiten ouni Zweiwel evoluéiert. Och wa weider Sputt no uewe bleift. Bei Alkohol a Vitesse koum mat der Zäit de Smartphone bäi. Educatioun, Sensibilisatioun bleiwen néideg, nieft der Repressioun.

“Mir waren am Ufank am Fong Pionéier. Do ass et nach kee Punkteführerschäin ginn. Den Taux d’alcoolémie war nach bei 0,8. Sou hunn déi Saachen aneneegegraff. Wéi et da bis och um legislative Plang viru gaangen ass, du ware mir scho prett an du war de Raoul am Fong schonn etabléiert. An de Chauffeur fir den Owend war schonn e Begrëff”, sou d’Isabelle Medinger, Direktesch vun der Sécurité Routière.

Déi éischt Campagnen hu sech u Chauffeure vun 18 Joer u geriicht. Mat der Zäit goufen dunn och déi Jonk vu 16 Joer u mat sensibiliséiert. Wann et drëms geet, de Chauffeur vum Owend ze designéieren, dann hunn nämlech all déi, déi mat um Tour sinn, hiert Wuert mat ze schwätzen.

Dat gëllt och haut [Samschdeg]. Um Owend op deem d’Maske falen. Op deem Lëtzebuerg nees fräi feiere kann.

“Mir haten elo zwee Joer e bësse Paus. Dat wëll net heeschen, datt net gedronk ginn ass. Et ass eeben doheem gedronk ginn. Fir eisen Dossier war dat gutt, well d’Leit net gefuer sinn. Awer elo, eis nächst Campagnë wäerten nees méi op d’Parliewen ausgeriicht sinn. Wou d’Leit erëm méi zesummekommen a wou d’Leit nees méi op de Stroosse sinn”, sou d’Isabelle Medinger weider.

Cool sinn. Feieren. Relax sinn. Jo! Awer ouni eent ze vergiessen.

De Kënschtler Christian “Sumo” Pearson: “Jo! Et ass wichteg, Spaass ze hunn am Liewen. Ma et ass awer och wichteg, säi Liewen net derbäi op d’Spill ze setzen!”

Sou dee Mann, deen dem “Raoul” fir säin 20. Anniversaire e Lifting verpasst huet. Mat engem Glas H2O, also Waasser an der Hand.

Back to Top
CIM LOGO