
Zanterhier ass de Chantier amgaangen: nodeems d’Gestengs komplett evakuéiert gouf, sinn aktuell d’Aarbechten am gaangen, fir déi definitiv nei Drostruktur an den Tunnel anzebauen, sou datt den Tunnel de 5. August fäerdeg amenagéiert ass an d’Nordstreck dann nees tëscht der Kautebaach a Clierf wäert a Betrib kënne geholl ginn.
Dat ass awer nëmme fir zwou Wochen de Fall, well dann tëscht dem 20. August an dem 10. September e komplett Erneiere vun de Gleiser (Schinnen, Schwellen a Ballast) tëscht Wëlwerwolz an Draufelt geschitt.
Dobäi handelt et sech ëm iwwer 4 Kilometer Gleiser, déi mat Hëllef vun engem mechaneschen Ëmbau-Zuch erneiert ginn.
Den Accès fir dës spezialiséiert Aarbechtsmaschinne kann nëmme vu Süde Richtung Norde geschéien, well dës Gefierer keng Autorisatioun hunn, fir um belsche Reseau kënnen ze zirkuléieren.
Och wärend dem Chantier am Tunnel Schieburg waren dës Aarbechten net dran, well wéinst der Éisleker Topographie nëmmen déi mechanesch Method méiglech ass.
Dëst äntwert de Mobilitéitsminister Bausch op eng parlamentaresch Fro vun de 4 CSV-Norddeputéierten Hansen, Eicher, Schaaf a Kaes.