Tëscht dem 29. Abrëll an 1. JuliNuetstester vun neien CFL-Zich wäerten d'Offer no 23 Auer aschränken

RTL Lëtzebuerg
Insgesamt 34 nei Automotricë gi getest, fir ze kucken, ob dës kompatibel mat der Eisebunnsinfrastruktur sinn.
© CFL

Heiwéinst wäerte vum 29. Abrëll bis den 1. Juli allkéiers vun 23 Auer un deelweis keng Zich op den nërdleche Linne Stad - Dikrech, Kautebaach - Wolz a Stad - Ëlwen fueren.

Als Ersatz wäerten d’CFL Navetten ubidden. Méi Infoen dozou fannt Dir op cfl.lu

Eng Unitéit vun den neien “Coradia High Stream Capacity"-Automotricë besteet aus 3 Ween a gouf an där Form och scho getest. Elo solle si an Unitéite vu 6, respektiv 9 Ween getest ginn. Déi 34 nei Automotricë solle bis 2025-2026 d’Offer u Sëtzplazen an den CFL-Zich ëm 46% erhéijen.

PDF: Offiziellt Schreiwes vun den CFL

Back to Top
CIM LOGO