Dippecher ContournementOch Awunner vun Nopeschgemenge wäerte profitéieren, esou de Max Hahn

RTL Lëtzebuerg
No der Fuesvakanz soll et lassgoe mam Schantjen. D’LSAP-Buergermeeschtesch Manon Bei-Roller schwätzt vun engem enormen Erfolleg fir d’Gemeng Dippech.
Den Dippecher Contournement
No der Fuesvakanz soll et lassgoe mam Schantjen. D’LSAP-Buergermeeschtesch Manon Bei-Roller schwätzt vun engem enormen Erfolleg fir d’Gemeng Dippech.

Contournement Dippech Gare - Reportage Charel Thillen

Den 20. Februar fänken d’Aarbechten um Contournement vun Dippecher Gare un. No circa 15 Joer Hin an Hier mat den zoustännegen Administratiounen kënnt de Projet also schlussendlech an d’Rullen. D’Bauaarbechten sollen zwee an en halleft Joer daueren. Bis dohin heescht et ofwaarden.

Mam Bau vum sougenannten “klenge Contournement” soll d’Dräikantonsstrooss zu Dippech-Gare entlaascht ginn. Virun allem d’Barrière, déi pro Stonn ronn 40 Minutten den Trafic ophält, soll domadder der Vergaangenheet ugehéieren. D’Streck vun Dippech Gare op Reckeng op der Mess verleeft ënnert der aler Eisebunnsbréck an ass dono zwee Kilometer laang.

© Christophe Hochard

No der Fuesvakanz soll et da lassgoen. D’LSAP-Buergermeeschtesch Manon Bei-Roller schwätzt vun engem enormen Erfolleg fir d’Gemeng Dippech.

Manon Bei-Roller: "Dir kënnt iech net virstellen, wat eng Opootmung fir eis Awunner dat heiten ass. Dass mer elo endlech um Zil sinn an mir hunn och een exakten Datum. Den 20. Februar geet et lass. Dat ass elo net méi laang. Dat ass direkt no der Vakanz. An dir kënnt iech net virstellen, wéi frou mir mat den Awunner sinn. Dir héiert jo, dir gesitt jo selwer,wat wäerten déi dann hei ee Paradäis hunn.”

Wann déi éischt Autoe bis iwwert de Contournement fueren, bedeit dat eng grouss Entlaaschtung fir d’Dräikantonsstrooss, vun där net nëmmen d’Awunner vun der Kantonsstrooss profitéieren, sou den éischte Schäffe Max Hahn, DP.

Max Hahn: “Et sinn d’Awunner och aus de Nopeschgemengen, notamment dann Eben Reckeng a Garnech déi ganz frou sinn, wann dee Knuet hei endlech opgeet, well d’Liewensqualitéit ganz ganz staark ageschränkt ass. Well eben ganz vill Niewestroossen als Schleichweeër benotzt ginn, fir de Contournement elo schonn haut ze ëmfueren. An dat suergt fir ganz ganz vill Onmutt dobaussen an dat ass eppes, wat dann och besser wäert ginn an zwee an engem hallwe Joer, wann dee Contournement dann endlech, endlech a Betrib geet.”

D’Biergerinitiativ vun Dippech begréisst zwar de Bau vum Contournement. Eng perfekte Léisung fir de Verkéiersproblem wär et awer och nach net. Dem Sven Schaul vun der Biergerinitiativ Gemeng Dippech a.s.b.l. no, wier et naiv ze mengen, datt ee Contournement alles verännert.

Sven Schaul: “Mir brauchen eng global Léisung. Eis d’Land erstéckt am Verkéier an de Verkéier ass net ëmmer hausgemaach. Dir wësst et kommen ganz vill Leit bei eis schaffen. Déi huelen hiren Auto moies. An et ass utopesch ze mengen, bei enger Bevëlkerung déi elo ëm 25 Prozent an d’Luucht gaangen ass, dass de Verkéiersproblem géif ofhuelen andeems muer all Mënsch géif mam Vëlo fueren an all Mënsch géif mam ëffentlechen Transport fueren.”

Fir den Trafic op de Lëtzebuerger Stroosse Meeschter ze ginn, bräicht et deemno méi wie nëmmen de “klenge Contournement” zu Dippech Gare. Dëse wier awer op d’mannst en Deel vun der Léisung.

Link: Weider Informatiounen iwwert de Projet vum Contournement

Back to Top
CIM LOGO