
D’Fürerschäinsexame fir den Norde ginn alleguerten um neie Site vun der SNCA um Fridhaff gehalen, soubal dësen operationell ass. Dat confirméiert de Mobilitéitsminister François Bausch nach eemol an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum André Bauler.
Den DP-Deputéierten huet betount, dass dëst een enormen Zäitopwand fir d’Leit aus dem Norde géing duerstellen, déi dacks 40-50 Kilometer misste fueren, fir op de Fridhaff ze kommen. Och am Sënn vun der Dezentraliséierung a manner Ressourcëverbrauch géing dës Decisioun kee Sënn maachen. Dorop äntwert de François Bausch, dass Kandidaten aus dem Süden, Osten, Westen an Zentrum och missten entweder op Sandweiler oder op Esch fueren a fir déi wier dat och kee Problem. Donieft wier de Site um Fridhaff am Sënn vun enger nationaler Dezentraliséierung. Aktuell géingen zu Wolz 16 Kategorië B- a BE-Examen d’Woch gehale ginn an dat wier organisatoresch gesinn net genuch, fir een Examinateur fir 2 Deeg voll ze beschäftegen.
RTL-Artikel (7.4.2023): Lescht Sortie Fridhaff: Wolz verléiert de praktesche Führerschäinsexamen