Stroumpann um FindelOch Luxairport betraff, mee keen Impakt op Fluchverkéier

RTL Lëtzebuerg
Am Beräich vum Findel gouf et en Dënschdeg am Nomëtteg eng gréisser Stroumpann.
© David Steichen / RTL

Den Energiefournisseur Creos huet eng Stroumpann ëm 15.07 Auer an der Gemeng Nidderaanwen gemellt. Behuewe gouf de Problem ëm 16.24 Auer, eng 77 Minutten nodeems d’Luuchten ausgaange waren.

Wéi eng Spriecherin vum Bedreiwer vum Lëtzebuerger Fluchhafe Luxairport op RTL-Nofro confirméiert, war och de Fluchhafe vun der Stroumpann betraff. Et hätt een allerdéngs eng Noutstroum-Versuergung, esou datt de Fluchverkéier bei Stroumausfäll net impaktéiert géif ginn.

Back to Top
CIM LOGO