No weiderem Fall vu GewaltOGBL fuerdert besser Schutzmesurë fir Buschaufferen

RTL Lëtzebuerg
Dat nodeems op en Neits ee Buschauffer wärend senger Aarbecht op der Busstreck tëschent Lëtzebuerg a Villerupt Affer vu Gewalt gi wier.
© Domingos Oliveira

Déi gréisste Gewerkschaft am Land widderhëlt an deem Sënn hir Fuerderung, Sécherheetskabinnen an all den RGTR-Busser ze installéieren, fir d’Chauffere besser ze schützen. Aktuell wier knapp d’Hallschent vun den RGTR-Busser mat esou Kabinnen equipéiert. Verschidde Kabinne géingen awer net wierklech virun Aggressioune schützen. Weider misst ee Plang ausgeschafft ginn, fir eng psychologesch a juristesch Begleedung vu betraffene Chaufferen. Och déi grenziwwerschreidend Zesummenaarbecht misst verstäerkt ginn.

Pressecommuniqué vum OGBL (FR)

Back to Top
CIM LOGO