Claude TurmesOp Allerséile koum et zu Enkpäss op 2 Bensinnsstatiounen hei am Land

RTL Lëtzebuerg
D'Tanklager vu Shell zu Bartreng hätt temporär Problemer gehat, fir Bensinn iwwert d'Bunn geliwwert ze kréien.
© AFP Archivbild

Dowéinst wier kuerzfristeg keen 98er Bensinn op zwou Tankstellen disponibel gewiescht. Dat confirméiert den Energieminister Claude Turmes op eng parlamentaresch Fro vun der Piratepartei.

Esou Rupture wieren awer näischt Aussergewéinleches. Déi national strategesch Sécherheetsreserve goufen net ugezaapt. Dat dierft just am Fall vun enger aussergewéinlecher Urgencësituatioun gemaach ginn, sou de Minister, wann d’Versuergungssécherheet vum Land a Gefor ass. Souguer wa Shell eng deementspriechend Demande gestallt hätt, wier se warscheinlech refuséiert ginn.

PDF: Äntwert op d'parlamentaresch Fro vun de Piraten.

Back to Top
CIM LOGO