
Déi däitsch Autobunn A64 tëschent der Grenz an Tréier-Ehrang ass an engem schlechten Zoustand. Esou schlecht, dass déi 11 Kilometer elo komplett sanéiert solle ginn. Wéi den “Trierischer Volksfreund” schreift, soll dee Chantier viraussiichtlech 6 Joer daueren, also bis 2029.
An enger éischter Phas, déi am Summer 2023 ufänke soll, gëtt d’Streck tëschent der Sauerdallbréck an der Sortie Tréier erneiert. Dobäi wäert eng vun de véier Spueren ewechfalen. Déi iwwer 30.000 Autoen, déi hei all Dag passéieren, musse sech dann dräi Spueren deelen. Fir e komplette Verkéiersinfarkt an de Spëtzestonnen z’evitéieren, solle moies zwou Spuere Richtung Lëtzebuerg an owes zwou Spuere Richtung Tréier zur Verfügung stoen. Dës éischt Etapp soll bis Enn 2025 ofgeschloss ginn. Duerno steet dann déi zweete Phas vun der Sortie Tréier bis Tréier-Ehrang um Programm. Dëse Chantier ass fir den Zäitraum 2026-2029 programméiert.

2026 gëtt dann och d’Sanéierung vun der Sauerdallbréck an Ugrëff geholl. Dës Aarbechte sinn nach net am Detail geplangt, mä wäerte sécher och grousser Auswierkungen op den Trafic hunn. Och eng weider Bréck mécht den Tréierer Automobiliste vill Suergen. Vum nächste Joer u soll och nach déi sougenannten “Ehranger Brücke” sanéiert ginn. Vun 2024 bis 2026 wäert hei an all Richtung nëmmen eng Spuer zur Verfügung stoen. Iwwert dës Bréck muss een, wann ee vun der däitsch-Lëtzebuerger Grenz Richtung Koblenz/Köln oder Saarland fuere wëllt.