
An e puer Deeg soll dat de Fall sinn, schreift d’Lëtzebuerger Wort a berifft sech op d’Ponts et Chaussées. Uganks war virgesinn, datt d’Streck eréischt fir d’Rentrée fäerdeg gëtt.
Aktuell gëtt nach op der neier N3 geschafft. Och den Tram fiert do schonn an enger Testphas. Den 11. September geet dës Tramsstreck op.

D’N3 ass déi nei Ëmgoungsstrooss vum Garer Quartier Richtung Houwald a Ban de Gasperich. Si soll d’Route de Thionville entlaaschten a wäert “Boulevard de Kyiv” gedeeft ginn, hat d’Stad Lëtzebuerg virun enger Woch gemellt.