Etüde sinn amgaangenOp enger "Bamkrounebréck" iwwert d'N11

Claude Zeimetz
Foussgänger a Vëlosfuerer kéinten an Zukunft méi sécher vun der enger op déi aner Säit vun der N11 kommen.

Zanter dem leschte Joer sinn Etüde vu Ponts et chaussées amgaangen, fir datt op der Iechternacherstreck tëscht Gonnereng an dem Waldhaff d’Leit an d’Foussgänger méi sécher iwwert d’N11 kommen. Et geet a Richtung “Bamkrounebréck”.

Op enger “Bamkrounebréck” iwwert d’N11 / Rep. C. Zeimetz

Dat huet den zoustännegen Transportminister François Bausch dem DP-Deputéierten Max Hengel an enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro verroden. Deen hat sech Suerge gemaach iwwert d’Sécherheet vun den dach ville Wanderer a Foussgänger, déi zanter der Pandemie d’Bëschweeër an d’Autopedesteren hei am Land entdeckt hunn an do ëmmer rëm iwwert eng Strooss mussen. Och op der N11 huet een zu engem Ament keng aner Wiel, wéi op der vill befuerener Haaptstrooss iwwer dräi Spuere riicht iwwert d’Iechternacherstrooss mat hirem villen Autostrafic ze goen.

An de leschte Jore wieren Efforte gemaach ginn, fir geféierlech Iwwergäng aus dem Wander- a Vëlos-Itineraire ze sträichen oder Weeër laanscht Stroossen erauszehuelen, wann et geet. Op der N11 leeft konkret zanter dem leschte Joer eng Etüd, fir z’analyséieren, ob een en Iwwergang op der Héicht vum Depot vun der Stroossebauverwaltung baue kéint. Dat ass ongeféier op hallwer Streck tëscht Gonnereng an dem Waldhaff. D’Ponts et chaussées hunn eng Faisabilitéitsetüd an Optrag ginn. Dobäi goufe 4 Varianten analyséiert, déi all tëscht 3,1 a 5,6 Milliounen Euro hors TVA kaschte géifen. De Minister betount, dat wieren nëmmen iwwerflächlech Estimatioune fir en Neibau vu Bréckewierker no Metercarréspräis. Sécher wier, datt duerch déi lokal Gegebenheete keng Standardléisung op der N11 a Fro kënnt. Et misst schonn e Bauwierk vun enger méi grousser Envergure sinn. D’Strooss geet hei iwwer dräi Spueren. Mat enger Passerelle kéint een och de méi héijen touristeschen Ufuerderunge Rechnung droen. Zil wier et, den Impakt op d’Ëmwelt sou kleng wéi méiglech ze halen. Deemno wieren d’Etüden a Richtung “Bamkrounebréck” gaangen.

Eng Ënnerféierung kënnt schonn eleng dowéinst net wierklech a Fro, well de Gréngewald eng Natura 2000-Zone ass a fir eng ënnerierdesch Verbindung vill Wuerzele vu Beem missten ewech gemaach ginn. Och den zousätzlechen Opwand, fir en Entwässerungssystem z’installéieren, wier en Nodeel, erkläert den Transport- a Bâtiments-Publics-Minister.

Back to Top
CIM LOGO