Wierk zu EisenachOpel muss Produktioun wéinst Chip-Manktem bis Enn des Joers astellen

RTL Lëtzebuerg
Weltwäit kritt d'Automobilindustrie d'Nowéie vun der Pandemie ze spieren. Den Hiersteller Opel muss als Konsequenz seng Produktioun an engem Wierk stoppen.
© AFP/Archiv/Fabrice COFFRINI

De Porte-parole vum Konzern huet en Donneschdeg e Bericht vun der “Automobilwoche” confirméiert. Ugangs 2022 soll d’Produktioun zu Eisenach awer nees ulafen, wann d’Liwwerketten dëst zouléisst. Fir déi concernéiert Mataarbechter ass Chômage partiel virgesinn.

Zu Eisenach baut Opel de Kompakt-SUV Grandland X. Dëst Gefier gëtt och am fréiere Peugeot-Wierk zu Socheaux hiergestallt. Opel no wier am franséische Wierk allerdéngs net virgesinn, d’Produktioun fir e bestëmmten Zäitraum auszesetzen, schreift d’"Automobilwoche”.

Back to Top
CIM LOGO