Radar beim Tunnel MichevilleOptakt vun Testphas ass den 1. September

RTL Lëtzebuerg
Op der B40, an der Entrée vum Tunnel Micheville, kënnt e fixe Radar.
Et sollt ee sech un Tempo 70 halen, wann een net geblëtzt wëll ginn
Wann een duerch den Tunnel Micheville fiert, gëtt ee vun engem Radar ëmpfaangen.

Vum 1. September u leeft hei d’Testphas. Déi maximal erlaabte Vitess ass op 70 km/h festgeluecht, wann ee vu Lëtzebuerg a Richtung Frankräich fiert.

© Ken Firtzke / RTL

Eng Toleranz vu 3 km/h (ënner 100 km/h Vitess) gëtt applizéiert, respektiv 3% Toleranz wann een iwwer 100 Stonnekilometer um Tacho hat.

E Protokoll gëtt et also nach net. Vu wéini un et kascht, gëtt deen Ament matgedeelt.

© Domingos Oliveira

Back to Top
CIM LOGO