ProVeloOptimal de Vëlo weiderbréngen

Claudia Kollwelter
Dat ass d’Zil vu ProVelo, déi am Kader vun de Gemengewalen eng ganz Partie Revendicatioune festgehalen huet.

Revendicatiounen Walen ProVelo - Reportage Claudia Kollwelter

Et gouf e sougenannten “Sustainability Check” fir de Wieler, mee och d’Politiker, déi sech opgestallt hunn.

Net manner wéi 24 konkret Propose mécht d’ASBL, fir d’Mobilité douce besser an de Gemengen anzebauen an ëmzesetzen. Et geet ënnert anerem ëm d’Planung, wann also zum Beispill nei Stroossen oder Quartieren amenagéiert ginn. An deem Fall misst fir Monique Goldschmit, Presidentin vu ProVelo, de Vëlo an de Foussgänger vun Ufank u mat ageplangt ginn:

Wéi kommen ech vun deene Plaze bei meng Schoul, de Centre Culturel an d’Nopeschduerf, wou vläicht eng Post, eng Bank, e Supermarché ass. Datt een dat vun Ufank u kuckt.

Bei bestoende Quartieren a Stroosse soll no de Bedürfnisser vun den Awunner gekuckt ginn – dofir wier de Kontakt mat de Leit zentral :

All Gemeng huet sécher, wa se freet, Leit, déi elo scho Vëlo fueren, am Duerf oder op d’Aarbecht a kann da froen, wat hir Besoine sinn a wat se gär hätten, datt gemaach gëtt.

ProVelo huet e sougenannte “Sustainability Check” ausgeschafft mat enger Partie Froen, déi de Wieler de Kandidaten aus senger Gemeng ka stellen. D’Monique Goldschmit nennt e Beispill:

Wat si fir Iech d’Virdeeler vun enger Verkéiersberouegung a Reduktioun vum Autosverkéier an Ärer Gemeng? Dat ass eng Fro, déi ech ka menge Leit, déi sech wëlle wiele loossen, stellen. Gläichzäiteg ass et awer och eng Fro, déi e Kandidat, dee sech fir d’Walen opstellt, selwer stelle kann an dann d’Äntwert dorop sicht.

De Froebou genee wéi de Fuerderungkatalog vun der ASBL fënnt een ënnert provelo.lu

Back to Top
CIM LOGO