
Mat 12.000 Mataarbechter huet sech de Konzern als Zil gesat, 500.000 Autoe vum SUV-Modell Y pro Joer ze bauen. D’Bauaarbechten haten am Fréijoer 2020 ugefaangen, ma virun zwou Woche krut Tesla eréischt déi endgülteg Autorisatioun, wéi d’Fabrick scho längst stoung. Um 300 Hektar groussen Terrain gëtt och e Wierk erriicht, fir Batteriezellen hierzestellen. Zu Grünheide an Däitschland sollen “Autoe fir all europäesch Tesla-Mäert” produzéiert ginn.
Et ass en ëmstriddene Projet. De Bundeskanzler Olaf Scholz an de Wirtschaftsminister Robert Habeck hunn d’Milliardeninvestitioun vum E-Auto-Konstrukteur gelueft. De Produktiounsstanduert am Oste vun Däitschland wier e besonneschen Dag fir d’Regioun a fir d’Ëmdenken a puncto Mobilitéit. De Wee a Richtung Elektromobilitéit wier “e weidere Schratt ewech vu Pëtrolsimporter”, huet de grénge Minister betount. Et wéilt een onofhängeg vu russeschem Pëtrol ginn, dat ass net trivial fir Däitschland, sou nach de Wirtschaftsminister.
Ëmweltschützer kritiséieren de Projet iwwerdeems, ënnert anerem wéinst dem Waasserverbrauch.
Fir d’Ouverture vum fënneften Tesla-Wierk weltwäit gouf dofir och zu enger Protestaktioun opgeruff. Bierger fäerten nämlech schiedlech Konsequenze fir d’Waasserversuergung an der Géigend, wéi och fir d’Déieren a Planzewelt. Wéi d’Gruppen “Sand im Getriebe”, “Ende Gelände” an “Extinction Rebellion” mellen, hätten Aktivisten eng Paart vun der “Gigafactory” blockéiert. “Néideg wieren “net ëmmer méi Autoen”, sou hir Kritik, mä kollektiv Forme vun der Mobilitéit, e gratis a gutt ausgebauten ëffentlechen Transport, hunn d’Aktiviste gefuerdert.
De Wirtschaftsminister vu Brandenburg Jörg Steinbach huet d’Kritik um Waasserverbrauch zeréckgewisen a gesot, et wier genuch Waasser fir d’Wierk do. Am Fall vun enger Erweiderung géingen nach zousätzlech Quelle gebraucht ginn, fir déi Tesla da bezuele géing.
Tesla huet an deem Kader drop verwisen, datt et d’Missioun vum Konzern wier, den “Iwwergang zu nohalteger Energie z’acceleréieren”.