Grenziwwerschreidenden ëffentlechen TransportP+R "Roussy-le-Village" just den Ufank vun engem grousse Projet

RTL Lëtzebuerg
Zënter leschtem Méindeg kann een elo vum franséische P&R Roussy-le-Village aus gratis mam Bus bis op Lëtzebuerg kommen. Dobäi soll et net bleiwen.
© Domingos Oliveira/RTL

Gratis grenziwwerschreidenden ëffentlechen Transport

De gratis ëffentlechen Transport soll spéider och op anere Plazen grenziwwerschreidend funktionéieren. De Mobilitéitsministère huet bis ewell eng Zon vu 5 Kilometer festgeluecht. Wann de Bilan vum Pilotprojet gutt ausfält, da soll de gratis ëffentlechen Transport och op anere Plaze grenziwwerschreidend agesat ginn. Dat dann op Park&Riden an eise Nopeschlänner, déi maximal 5 Kilometer vun der Grenz ewech sinn. Ma wann et dann eng Kéier 6 Kilometer sinn, ass dat och nach OK, sou de Mobilitéitsminister François Bausch.

Gratis bis op Tréier an zeréck, sou eppes ass awer net geplangt. Schliisslech finanzéiert Lëtzebuerg de gratis Transport dann och an där Zon iwwert der Grenz. Et géing een awer elo net ufänken, den ëffentlechen Transport fir déi ganz Rheinland-Pfalz ze finanzéieren.

Mat dësem Projet erhofft ee sech, dass méi Grenzgänger sech nach virun der Grenz parken a vun do aus de Bus oder Zuch op Lëtzebuerg huelen. Bis ewell hätt een nämlech observéiert, dass eng Partie Grenzgänger den ëffentlechen Transport gären notzen, sech dofir awer ëmmer zu Lëtzebuerg iergendwou eng Parkplaz sichen. Dat wier schued fir all déi P+Ren, déi ee laanscht d’Grenz organiséiert huet.

Mam grenziwwerschreidenden gratis Transport hofft de Mobilitéitsminister, dann nach méi Autoen aus Lëtzebuerg erauszehalen.

Back to Top
CIM LOGO