Méi Verkéierssécherheet a manner KaméidiParäis féiert Tempolimitt 30 op bal alle Stroossen an

RTL Lëtzebuerg
Zu Paräis gëllt vun e Méindeg u flächendeckend Tempo 30. Eng grouss Verännerung, déi enger Ifop-Ëmfro no awer bei iwwer 60% vun de Bierger gutt ukënnt.

Op 60% vun alle Stroossen an der Paräisser Haaptstad war dat bis ewell souwisou schonn de Fall, elo gëllt et fir all Strooss. Ausgeholl si just eng Dosen Haaptaxen, dorënner d’Champs-Elysées mat 50km/h, ma och de Périphérique ass net vun der neier Vitesslimitatioun betraff.

Déi rout-gréng Gemengeresponsabel ronderëm d’Buergermeeschtesch Anne Hidalgo hunn domadder e Walverspriechen ageléist, dat zu méi Verkéierssécherheet soll féieren, manner Kaméidi an och zum Klimaschutz kéint bäidroen.

Enger rezenter Ëmfro vum Meenungsfuerschungsinstitut Ifop an Optrag vun der Zeitung “Le Parisien” no sollen 61% vun de Befroten den Tempolimitt 30 zu Paräis guttheeschen. Skeptesch hu sech virun allem Persoune gewisen, déi gréisstendeels den Auto oder Moto an der Haaptstad benotzen. Vun hinnen waren nëmmen 36% respektiv 29% positiv gestëmmt. Am Kader vun dëser Ëmfro goufen 1.000 Paräisser Bierger gefrot.

Och aner grouss Stied sinn um iwwerleeën, den Tempolimitt 30 anzeféieren. Dorënner Münster oder Oochen. Zu Berlin an Hamburg gouf en op verschiddene Stroosse scho virun enger Zäit agefouert. Augsburg, Freiburg, Hannover, Leipzig, Münster an Ulm wëllen iwwerdeems un engem Pilotprojet deelhuelen, bei deem den Tempolimitt 30 soll groussflächeg getest ginn.

Back to Top
CIM LOGO