Gedäisch ëm Decisioun vum StaatParking Saint-Esprit zou fir Public, temporär op fir héich Beamten a Politiker

RTL Lëtzebuerg
An der Stad suergt eng Decisioun vum Staat den Ament fir vill Gedäisch. Et geet ëm de Parking Saint-Esprit, deen u sech lo nees sollt opgoen.
Parking Saint-Esprit temporär zou fir Public
An der Stad suergt eng Decisioun vum Staat den Ament fir vill Gedäisch. Et geet ëm de Parking Saint-Esprit, deen u sech lo nees sollt opgoen.

Gedäisch ëm Parking Saint-Esprit / Rep. Dany Rasqué

Wann een an der Stad parke muss, ass dat den Ament net ëmmer einfach. Virop well a verschiddenen ënnerierdesche Parkinge geschafft gëtt.

Vum nächste Mount un hätt d’Situatioun sech kënne verbesseren. De Parking um Helleggeescht-Plateau, wou eng 500 Plaze sinn, sollt no de Renovatiounsaarbechten nämlech erëm fir de Public opgoen.

Elo huet d’Regierung awer decidéiert, datt dee Parking bis Enn d’nächst Joer fir Déngschtween, Deputéiert, Membere vum Staatsrot an héich Staatsbeamten reservéiert ass. Si stellen hir Autoen den Ament an den ënnerierdesche Staatsparking op der Clairefontainesplaz, mä Uganks Mee sollen och do Renovatiounsaarbechten ufänken, also huet fir si missen eng aner Léisung hier an do ass de Choix op de Saint-Esprit gefall.

D’Stad Lëtzebuerg wëll dat esou net acceptéieren, wéi de Mobilitéitsschäffen Patrick Goldschmidt am RTL-Interview ënnersträicht. Um Knuedler wier ee frou, wann de Staat dës Decisioun nach emol géif iwwerdenken.

“Um Plateau Saint-Esprit sinn immens vill Commercen, och aus dem Horeca-Secteur. Am Gronn sinn immens vill Restauranten. Déi hunn elo wärend zwee Joer enorm gelidden, déi rechnen domadder, dass dee Parking erëm opgeet. Haaptsächlech fir owes. Owes ass de Parking Saint-Esprit ganz eidel, well jo da keen do ass an déi Leit am Gronn hu keng Méiglechkeet ze schaffen, wann do kee Parking ass.”

D’Restaurateuren hate gehofft, datt et elo am Fréijoer erëm méi einfach fir hir Clientèle géif ginn, fir eng Parkplaz ze fannen an datt se dann och erëm méi dacks géifen iesse kommen. Iwwert Decisioun, datt de Parking soll zou bleiwen, si si extrem enttäuscht.

D’Restauratrice Kim Mathekowitsch:

“Mir hu Clienten, déi net méi heihinner kommen, well se net méi hei parke kënnen an och wann et reent... den nächste Parking ass relativ wäit ewech. D’Leit ginn net méi do iesse, wou se soss iesse gaange sinn, well kee Parking méi do ass.”

Och beim Restaurateur Lucien Elsen suergt d’Noriicht, datt de Saint-Esprit fir de Public zoubleiwe soll, fir Verzweiwlung.

“Mir hunn nach ëmmer Existenzangscht an Drock wéinst der Pandemie an déi Leit, déi do solle parken, déi hunn ausser hir perséinlech Aschränkungen näischt an där Pandemie verluer, wat hir Existenz ugeet. Si kënne jo bis 6 Auer do parken an dann de Parking fräi maachen fir de Public.”

Dat ass eng Alternativ, iwwert déi d’Gemeng mam Staat wëll schwätzen. Fir de Patrick Goldschmidt ginn et awer och nach anerer. Zum Beispill mat der Renovatioun vum Parking op der Clairefontainesplaz ze waarde bis d’Parksituatioun an der Stad sech bëssen entspaant huet oder Bus an Tram fir Politiker an héich Beamten.

“Mir hätten och elo geduecht, dass ee géif kucken, datt déi Leit méi wäit eraus parken an da mam ëffentlechen Transport, dee gratis ass, an d’Stad kommen. Dee funktionéiert jo gutt.”

D’Stad Lëtzebuerg, seet de Mobilitéitsschäffen, géif och gär mat Parkingen, déi si op anere Plazen huet, aushëllefen. Dat huet se virun zwee Joer och mat engen 200 Plazen am Parking Royal Hamilius gemaach, vun deenen de Staat och gären eng 120 Locatiounskontrakter géif verlängeren. Bis Enn 2023.

Back to Top
CIM LOGO