
Wéi et an engem Schreiwes vun den CFL heescht, wäerten wärend dëser Zäit keng Zich déi däitsch-lëtzebuergesch Grenz passéieren. Fir d’Auswierkungen op d’Zich, déi um Lëtzebuerger Reseau ënnerwee sinn, ze minimiséieren gouf d’Planung vum Personal adaptéiert. Trotzdeem wäert et bei den Zich tëscht der Stad a Waasserbëlleg zu Ausfäll kommen. Zwee vun dräi Zich pro Stonn wäerten awer weiderhi fueren.
Iwwerdeems wäert et wéinst dem Streik vun en Dënschdeg den Owend un zu Upassunge beim Zuchverkéier an Direktioun Wittlich an an Direktioun Koblenz kommen.
Weider Informatiounen iwwert d’Upassunge, fannt Dir um Site vun den CFL.