Streik vun der SNCFPerturbatiounen um Zuchnetz tëscht Lëtzebuerg a Frankräich

RTL Lëtzebuerg
Wéinst engem Streik géint d'Rentereform a Frankräich dierft et en Dënschdeg um franséischen Zuchreseau zu Problemer kommen.
© https://download.rtl.lu/2022/04/09/741577e2daaccccaa51228ca289f6ec1.jpg

Vun e Méindeg den Owend 19 Auer u gëtt a Frankräich géint d’Rentereform gestreikt. Dës huet och en Impakt op d’CFL-Linne 70 an 90. D’CFL rechnen domat, datt et vun en Dënschdeg bis e Mëttwoch um 15 Auer deelweis zu Ausfäll op der Streck tëscht Rodange a Lonkech (Linn 70) wäert kommen, grad ewéi zu Perturbatiounen op der Streck tëscht Lëtzebuerg an Thionville/Metz/Nancy/Paris Est/Montpellier/Marseille vun e Méindeg 19 Auer bis e Mëttwoch 23.59 Auer.

Och am franséische Fluchverkéier dierften et Perturbatioune ginn.

D’CFL informéieren op hirem Site iwwert d’Perturbatiounen op de Linnen, déi de Grand-Duché mam Hexagon verbannen.

Back to Top
CIM LOGO