OuschtervakanzPräisser fir Locatiounsween sinn an Europa explodéiert

RTL Lëtzebuerg
Wéi de "Spiegel" mellt, kascht et dëst Joer op ville Plaze méi wéi duebel sou vill, fir sech en Auto ze lounen, wéi nach virun 2 Joer.

Wie wärend der Ouschtervakanz mat engem Locatiounswon fort fiert, dee muss net nëmme mat méi héije Spritpräisser rechnen, ma och d’Präisser vun de Ween sinn drastesch an d’Luucht gaangen. Dat schreift de “Spiegel” an engem Bericht a berifft sech op Zuele vum Vergläichsportal billiger-mietwagen.de. Als Haaptursaache ginn d’Auswierkunge vun der Corona-Pandemie genannt, wéi och Problemer mat de Liwwerketten an der Automobilindustrie.

Am geréngste war d’Präishausse an Island mat engem Plus vu 35%, am héchste war se mat +180% a Kroatien par rapport zu Ouschteren 2019. Och am Süde vun Europa musse Reesender méi déif an d’Täsch gräifen. A Spuenien kaschten d’Locatiounsween dës Ouschtervakanz 155% méi, a Portugal si se ëm 158% an d’Luucht gaangen. Fréier huet ee ronn 24 Euro den Dag a Spuenien fir e Won bezuelt, elo sinn et am Duerchschnëtt iwwer 61 Euro fir 24 Stonnen.

Corona-bedéngt hu vill Firmen hir Locatiounsween verkaaft, well si se net méi un Touriste verloune konnten. Dowéinst wier de Manktem den Ament héich, sou de “Spiegel”. Mëttlerweil wier d’Nofro nees geklommen, ma d’Ubidder hätten net genuch Autoen am Stock, well d’Hiersteller net mat der Produktioun nokommen, well et un Chippen an anerem Material feelt.

Back to Top
CIM LOGO