Tanktourissem"Präisser op der Pompel manner attraktiv ginn" duerch d'CO2-Steier

Roy Grotz
An Zäiten, wou d'Präisser op de Pompele quasi all Dag klammen, interesséiert och d'CO2-Steier, déi jo zanter 1 Joer um verkaafte Sprit bezuelt gëtt.
© AFP

Et ass nieft enger Klimaschutz-Mesure natierlech och eng Recette, déi d’Staatskeese fëllt: zejoert sinn duerch d’C02-Steier 198 Millioune Recettë gemaach ginn - 127 Milliounen dovunner koumen duerch déi nei CO2-Steier eran, mat engem Präis vun 20 Euro pro Tonn CO2.

71 Millioune sinn duerch de Kyoto-Cent an d’Staatskeese gefloss, also d’"contribution climatique”, déi et jo ewell méi laang gëtt an déi de Klima- an Energie-Fong speist.

Fir d’Ministere Yuriko Backes, Carole Dieschbourg a Claude Turmes huet d’C02-Steier de gewënschten “Lenkungs-Effekt": sou wieren d’Präisser op der Pompel manner attraktiv ginn.

Dëst mécht sech zejoert mat enger Baisse am Verkaf op den Tankstatioune bemierkbar: Minus 21% beim Verkaf vun Diesel, respektiv en Zéngtel manner beim Bensin - dat am Verglach zum Vir-Pandemie Joer 2019.

Domat sinn och d’Recetten insgesamt aus den Akzisen duerch de Spritverkaf méi niddreg - si falen entspriechend vun 993 (2019) op 954 Milliounen (2021), wat engem Minus vu 4% entsprécht.

Dat äntweren déi 3 zoustänneg DP a gréng Ministeren op eng parlamentaresch Fro vum CSV-Deputéierte Paul Galles.

Back to Top
CIM LOGO