
Parallel awer ginn 2 Stäck vum alen Deel vum ënnerierdeschen Parking fir Renovatiounsaarbechten zou gemaach.
Vum 22. Dezember u ginn dann zwee weider renovéiert Stäck am Knuedler-Parking fir d’Clienten op.
Wann de “Souterrain” ënnert dem Knuedler komplett fäerdeg a renovéiert ass, wäerten et eng 750 Parkplazen ginn, wouvunner eng 20 fir Elektroautoen sinn.
Am alen Deel vum Parking ginn d’Plazen iwwerdeem méi breet agezeechent, sou datt 80 Plazen ewech falen.
D’nächst Joer - pénktlech fir d’Gemengewalen - wäert de Parking Knuedler dann nees komplett op goen.