Parlamentaresch FroProjet vun enger Spuer fir Bussen a Fuergemeinschafte op der A6 bleift aktuell

RTL Lëtzebuerg
Dat äntwert de grénge Mobilitéitsminister François Bausch dem LSAP-Deputéierte Mars di Bartolomeo op eng parlamentaresch Fro.
D'Taxis- a Fuergemeinschaftsspuer op der Belscher E411
D’Taxis- a Fuergemeinschaftsspuer op der Belscher E411
© Domingos Oliveira (Archiv)

Dës Spuer soll vun der belscher Grenz bis an d’Stad goen. Et soll op eng dynamesch Gestioun vun de Spueren zeréckgegraff ginn an net op eng statesch, wéi dat op der belscher Autobunn E411 de Fall ass.

Déi technesch Analysen an Etüde lafen. Zu dësem Moment kéint awer nach kee Kalenner an och kee Käschtepunkt genannt ginn, heescht et weider vum Minister.

Weider Changementer op der A6 si geplangt. Den Echangeur Stengefort soll zesumme mat der Aire de Capellen ëmgebaut ginn. Et soll eng Wëldbréck realiséiert ginn, sou nach de Minister.

PDF: Déi parlamentaresch Fro an d'Äntwert

Back to Top
CIM LOGO