
Dass Elektroautoen net méi dacks brenne wéi e Verbrenner, hate mir viru Kuerzem an engem RTL-Faktencheck erkläert. An awer kënnt et och mol zu Accidenter an déi Elektroautoen involvéiert sinn. Ma deemno wéi een Impakt d’Accident an den Zesummeprall op den Auto huet, kann et sinn, dass den Elektroauto am Garage a Quarantän muss, éiert e kann analyséiert a reparéiert ginn.
Dat awer net well den Auto ustiechend ass, mee wéinst der Gefor vun engem Elektroschock oder der Brandgefor. Méi konkret kënnt d’Elektrogefier a Quarantän, wann d’Batterie zum Beispill uerg beschiedegt gouf an de System net vum selwen ofgeschalt huet. Wéinst Brandgefor a Quarantän muss d’E-Gefier, wann et zum Beispill duerch d’Accident Feier gefaangen huet an de Risk besteet, dass et rëm Feier fänkt. Duerch d’Lithiumbatterie am Elektrogefier besteet nämlech de Risk, dass d’Feier méi spéit rëm ugeet, och wann et ursprénglech geläscht war. An esou Fäll gëtt den Auto dann eng Zäitche stoe gelooss, bis ee sécher ass, dass keng Gefor méi vum Auto ausgeet. Wann Brandgefor besteet, kënnt den E-Auto zum Beispill an e Container stoen, dee mat Waasser ka gefëllt ginn, wann d’Feier rëm ausbrécht.

Dat ass awer nëmme seelen de Fall, erkläert de Frank Lentz vum House of Automobile. “Déi meescht Elektrogefierer hu souwisou e System, wou d’Batterie an domat d’Elektronik sech sëlwer ausschalten, wann den Auto duerch en Accident beschiedegt gëtt.” E Risk besteet da just, wann dëse System net funktionéiert huet. Da kënnt den Héichvolttechniker an d’Spill. Hien ass speziell forméiert, fir och an esou Situatiounen um Gefier dierfen ze schaffen. Dëse schalt d’Elektronik an d’Batterie dann aus. Réischt dann dierfen och normal Techniker un den Elektroauto goen.
Et gëtt als eng Quarantän fir Elektroautoen, déi accidentéiert sinn. Dat sinn awer ganz rar Fäll. All accidentéiert Elektrogefier e puer Deeg a Quarantän ze setzen, wier souwisou net méiglech. Hei géif et dann zu logistesche Problemer an de Garagë kommen, sou de Frank Lentz vum House of Automobile.