Onbezuelte Protokoller "Radare sinn net do, fir d'Staatskeesen ze fëllen"

Anne Wolff
Et huet kee se gär, mee dach erwëscht et déi meescht vun eis iergendwann, et blëtzt an da ginn op d'mannst 49 Euro fälleg, well een ze séier ënnerwee war.
Onbezuelte Protokoller
Et huet kee se gär, mee dach erwëscht et déi meescht vun eis iergendwann, et blëtzt an da ginn op d’mannst 49 Euro fälleg, well een ze séier ënnerwee war.

Wie Rout gesinn huet, huet 45 Deeg dann Zäit, de Protokoll ze bezuelen (duerno kënnt e Bréif per Recommandé, dann huet een nach eemol 45 Deeg Zäit), duerno ass deen duebele Montant fälleg, éier no weidere 45 Deeg eng Saisie op d’Pai gemaach gëtt. Wann ee sou séier ënnerwee war, dass Punkte fort sinn, geet d’Affär dann nach un de Parquet. Am Transportministère weist ee sech optimistesch, och déi Verkéierssënner aus dem Ausland nach un d’Bezuelen ze kréien. Dat géif iwwert eng international Zesummenaarbecht normalerweis gutt klappen.

Iwwer 310.000 Mol hat et d’lescht Joer zu Lëtzebuerg geblëtzt

Gutt e Fënneftel vun de Protokolle vun 49 Euro sinn net bezuelt, bei deene vun iwwer 145 Euro ass et souguer bal een Drëttel, ma dat wier net méi wéi am Ausland, heescht et vum Transportministère. Dat sinn da just déi Chaufferen, déi iwwer déi fix Radare gepëtzt goufen. Der Statistik vum Ministère no hätten déi Verkéierssënner d’lescht Joer also eng gutt 16 Milliounen an d’Staatskeess spulle missen, 1,4 Milliounen huet den Entretien vun de Blëtzer de Staat kascht. Den Transportminister François Bausch relativéiert dee Montant: “Dat ass net, wéi oft am Volleksmond ugeholl, dass de Staat déi Radaren opgeriicht huet, fir d’Staatskeess ze fëllen. Wësst Der, mat 16 oder 17 Milliounen, wann ech kucken, wéi vill honnert Milliounen den Ënnerhalt vun de Stroosse kascht, do rette mir d’Staatskeess sécher net. Et soll kloer e preventive Charakter hunn, fir d’Leit derzou ze bréngen, wierklech verstänneg ze fueren.

Zwee nei Radaren zu Sell a vum Biergerkräiz erof op Walfer sollen nach dobäikommen, d’Lag op de Stroosse wier nämlech weiderhin uerg, besonnesch nom Covid. D’lescht Joer wieren aktuellem Stand no 37 Persounen am Stroosseverkéier leiebliwwen, déi genee Opschlësselung géif am Mee presentéiert ginn, erkläert den Transportminister.

RTL-News: Onbezuelte Protokoller - “Radare sinn net do, fir d’Staatskeesen ze fëllen”

Back to Top
CIM LOGO