UelegpräisserRekordhéicht bei Pëtrolspräisser vun Nordséizort Brent

RTL Lëtzebuerg
De Pëtrolspräis zitt weider un, an doduerch och de Risk, dass de Bensin an den Diesel nees an noer Zukunft méi deier ginn.

De Präis vun der Pëtrol-Nordséizort Brent, déi fir eis d’Referenz ass, gouf um asiatesche Marché fir 86,8 US-Dollar pro “Barrel” gehandelt. Dat ass deen héchste Wäert zanter méi wéi 7 Joer.

Analyste gesinn engersäits déi héich Demande als Ursaach vun der Präis-Hausse, well sech gewisen huet, dass Omikron e manner groussen Effekt op d’Wirtschaft huet wéi ufanks erwaart. Verbonne mat der Suerg iwwert Geo-politesch Tensiounen, dreift dat d’Präisser no uewen.

Donieft gouf et rezent e puer Attentater op Pëtrols-Tanken zu Abu Dhabi, wou duerch d’Suerg iwwert Uelegreserven an der Golfregioun gewuess ass.

Back to Top
CIM LOGO