Streik bei der SNCFRonn en Drëttel vun den TGVe wäerten iwwer Chrëschtdag ausfalen

RTL Lëtzebuerg
D'Kontrolleure vun der franséischer Bunn streiken iwwert d'Chrëschtdeeg, well si onzefridde mat de proposéierte Lounerhéijunge sinn.
© AFP Archivbild

Um 8 Auer en Donneschdeg de Moie wäerte si d’Aarbecht nidderleeën. De Streik wäert bis de 26. Dezember um 8 Auer moies daueren.

Bei der Direktioun vun der SNCF stéisst dëst Virgoen op wéineg Versteesdemech. D’Lounerhéijungen, déi een de Kontrolleure proposéiert hat, géifen iwwert déi nächst 2 Joer gekuckt an der Moyenne eng Hausse vun 12 Prozent ausmaachen.

Wéi d’SNCF matdeelt, wäert iwwert de Weekend vu Chrëschtdag ronn en Drëttel vun den TGVen ausfalen.

Back to Top
CIM LOGO