Bau vu Rond-pointRue de Bettborn a Rue d'Ospern zu Räichel vum 21. bis den 28. Mee gespaart
Wéinst dem Bau vun engem Rond-point zu Räichel sinn d'Rue de Bettborn an d'Rue d'Ospern vum 21. bis den 28. Mee gespaart.
Méi genee gëtt en neie Rond-point zu Räichel gebaut, bei deem d’Nationalstroossen N12/N22 an N23 zesummelafen. Wéinst deem Chantier ginn d’Rue de Bettborn (N12) an d’Rue d’Ospern (N23) vun e Mëttwoch dem 21. Mee um 22 Auer bis e Mëttwoch den 28. Mee um 17 Auer gespaart.
De Verkéier, dee vun der Rue de Saeul (N12) an der Rue de Redange (N22) kënnt, gëtt duerch Rout Luuchte gereegelt.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Link: D’Schreiwes vun de Ponts et chaussées fannt Dir hei.