
Wéi Ponts et chaussées matdeelen, gëtt den CR102 zu Kielen, also d’Rue de Mamer, tëscht der Juddegaass an der Rue d’Olm vun e Méindeg dem 19. Mee vun 9 Auer u fir ronn 6 Méint gespaart.
D’Deviatioun féiert iwwer Ollem. De Verkéier vun iwwer 3,5 Tonnen tëscht Mamer an dem Katrewang wäert a béid Richtungen iwwer Koplescht geleet ginn. Den Trafic aus der ZAE Kielen geet iwwer d’Ëmleedung iwwer Ollem a Mamer, well een net kann duerch Kielen duerch fueren.
Link: Den Detail vum Chantier fannt Dir um Site vu Ponts et chaussées.