
Dat fir méi wéi 40 Milliarden Dollar. Geliwwert sollen d’Fligeren tëscht 2027 an 2033 ginn. Den Deal muss allerdéngs nach vun den Aktionäre vu Ryanair ofgeseent ginn.
Fir den US-Fligerbauer ass dëst eng wichteg Annonce, nodeems et gréisser Abousse gouf wéinst der Corona-Pandemie an nodeems zwee Fligere vun deem Typ erofgefall waren.
Déi nei Generatioun vun deem Typ huet 20 Prozent méi Sëtzer a soll manner Sprit verbrauchen.
Mat den neie Fligere soll d’Zuel u Passagéier massiv eropgeschrauft kënne ginn, esou déi Responsabel vu Ryanair. Dowéinst sollen dann elo och méi wéi 10.000 nei Mataarbechter rekrutéiert ginn.