Lauter Strecken, bei deene wéinst Chantieren de Chaufferen hire Bluttdrock an d’Luucht geet. Chantieren, déi op länger Zäit ugesat waren oder et reegelméisseg sinn. Elo ass direkt hannert der Grenz mat Däitschland ee bäikomm.
Et ass de Schantjen op der A64, direkt hannert der Grenz, um Tronçon op, respektiv vun Tréier. Deen huet dës Woch ugefaangen a kascht op d’mannst wärend 6 Joer ferm Nerven. Et ass carrement eng Zort A3-Chantier bis.
Op iwwer enger Dose Kilometer gëtt d’Autobunn tëscht der Sauerdallbréck an Tréier-Ehrang komplett renovéiert. An den nächste Woche gëtt de Chantier preparéiert.
Vum Grenziwwergang zu Waasserbëlleg u musse sech all dag eng 32.000 Gefierer, dovunner ronn 5.400 Camionen, dräi Spueren deelen. Moies zwou a Richtung Lëtzebuerg an owes zwou a Richtung Tréier, esou dass de Beruffstrafic besser virukënnt.
Am Chantier gëllt d’Limitt vun 80 Kilometer an der Stonn. Arrêten am Fall vun zum Beispill enger Pann sinn iwweregens virgesinn.
Déi eigentlech Aarbechten, nom Ariichte vum Chantier, sinn an 3 Phasen.
Optakt mécht een neien Drainage an der Mëtt vun der Autobunn. Tëscht Enn August an Enn November sinn déi Aarbechten. Dono as Wanterpaus, wärend där een Deel nees mat all Kéier zwou Bunnen ze fueren ass.
Am Mäerz d’nächst Joer, wann et mam Wieder klappt, fänken déi eigentlech Aarbechten um 5,6 Kilometer laangen Tronçon tëscht der Grenz an der Sortie/Opfaart Tréier un.
An engem éischten Deel geet et bis Enn 2024 ëm d’Streck tëscht der Sauerdallbréck an dem Parking Markusbierg Richtung Tréier. Dono ass nees Wanterpaus. Nächst Etapp ass bis September 2025 dee selwechten Tronçon, dann awer Richtung Lëtzebuerg. Eleng dës Aarbechte si mat iwwer 30 Milliounen Euro budgetiséiert.
Dono ass et um ronn 5 Kilometer laangen Deelstéck hannert dem Parking Markusbierg bis Hierscht 2028. Nächst Etapp ass bis Enn 2029 d’Aarbechte bis op d’Héicht vun Tréier.
D’Sauerdallbréck selwer soll vun 2026 un, no bal 40 Joer Betrib, sanéiert ginn. Enn vum Chantier ass fréistens 2029.
D’Chaufferen dierft och intresséieren, dass vum nächste Joer un och nach déi sougenannten “Ehranger Brücke” sanéiert gëtt. Vun 2024 bis 2026 wäert et hei an all Richtung nëmmen op enger Spuer rullen. Iwwert dës Bréck muss een, wann ee Richtung Koblenz/Köln oder Saarland fuere wëll.