Fuerderungskatalog virun de WalenSecurité Routière fuerdert Tempolimitt 30 bannent Uertschaften

RTL Lëtzebuerg
Den Tempolimitt wier Deel vun engem Fuerderungskatalog am Virfeld vun de Walen, deen geschwë soll publizéiert ginn.
© RTL Archivbild

D’Securité Routière fuerdert am ganze Land bannent den Uertschaften en Tempolimitt vun 30 Stonnekilometer an 80 op de Landstroossen. Dat huet de President Paul Hammelmann am Interview mam Tageblatt widderholl. Et wier Deel vun engem Fuerderungskatalog am Virfeld vun de Walen, dee geschwë soll publizéiert ginn.

Hie wier sech bewosst, dass da vill Leit sech géifen opreegen, mä keng Mesurë wier streng genuch, fir d’Stroossesécherheet ze héijen an domadder Mënscheliewen ze schützen. D’Securité Routière kéint sech och e generellt Iwwerhuelverbuet bei Busarrête virstellen. Dat stéing awer nach net an den offizielle Fuerderungen.

Back to Top
CIM LOGO