20 Joer PunktefürerschäinSécurité routière wënscht sech Nobesserunge beim Strofkatalog

Marc Hoscheid
Och wann ee sech méi schéi Saache virstelle kann, wéi Punkten um Permis ze verléieren, sti vill Leit dem System positiv géigeniwwer.
20 Joer Punktefürerschäin
Och wann ee sech méi schéi Saache virstelle kann, wéi Punkten um Permis ze verléieren, sti vill Leit dem System positiv géigeniwwer.

“Wiels du de Grethen, ass däi Führerschäin fleeten”, dat war ee vun de Spréch, déi sech den deemolege Verkéiersminister am Kader vun der Aféierung vum Punkteführerschäin huet missen ulauschteren. Ob 2002 oder 2022 déi meeschte Leit kënne sech wuel méi schéi Saache virstellen, ewéi Punkten op hirem Führerschäin ze verléieren. Dohier ass et e bëssen iwwerraschend, datt esouguer déi Leit, déi scho Plomme loosse missten, dem Konzept géigeniwwer positiv agestallt ginn:

  • “Et ass am Endeffekt eng gutt Saach. Heiansdo ass et zwar e bëssi lästeg, wann ee just 1 Kilometer ze séier war, awer soss ass et an der Rei.” Fro: “Hutt Dir dann och scho Punkte verluer?” Äntwert: “Eng Kéier.” Fro: “Wéinst wat?” Äntwert: “E bëssi ze schnell, fréier war do ëmmer 50 an dunn hu se et op 70 gehéicht an et war just du wéi et geschitt ass.”
  • “Ech fannen et u sech eng gutt Saach. Fir d’Sécherheet ass et sécher vu Virdeel, wann d’Leit, déi sech net un d’Reegelen halen, Punkten ewechgeholl kréien an dann iergendwann net méi dierfe fueren. Ech weess awer lo net, ob et vill changéiert huet, mat oder ouni Punkteführerschäin, ech kann et net bewäerten, ech hu meng Punkten nach all.”
  • “De Punkteführerschäi fannen ech eng ganz gutt Saach, well heiansdo sinn déi Jonk sou spontan a sou dynamesch, datt se op d’Pedall drécken. Dowéinst fannen ech de Punkteführerschäi gutt, natierlech mussen och déi noutwenneg Kontrolle gemaach ginn. Awer ech denken, datt e scho seng Wichtegkeet huet a sollt bäibehale ginn.” Fro: “Hutt Dir selwer dann och eng Kéier Punkte verluer?” Äntwert: “Oh jo, ech hu Punkte verluer, awer net duerch rennen, mee well ech am Wand war. Ech hu Punkte verluer, mee ech hu se an der Tëschenzäit rëm.”

Manner iwwerraschend ass d’Positioun vun der Sécurité routière, déi de Punkteführerschäin deemools gefuerdert hat. Et wier eng sozial gerecht Mesure, déi esouwuel repressiv wéi och präventiv wierke géing. Et wënscht ee sech awer Nobesserunge beim Strofkatalog.

Paul Hammelmann, President vun der Sécurité routière: “De Punkteführerschäin, wéi en elo funktionéiert, ass an der Rei. Et ginn awer eng Rei Strofdoten, déi net mat genuch Punkten assortéiert sinn. Ech denken do un den Handy, do hu mer gekämpft, datt mer vun Null op zwee Punkte komm sinn a souwäit ech weess, ass de Minister d’accord, dorobber 4 Punkten ze maachen, well mer gesinn hunn, datt dat eng Infraktioun ass, déi enorm zouhëlt.”

Am Laf vun de leschten zwanzeg Joer huet och d’Zuel vun de Permisen, déi wéinst de Punkten agezu goufen, enorm zougeholl. Waren et der dem Mobilitéitsministère no am Joer 2003 grad emol 2, louch d’Zuel 2021 bei 452. Am Ganze goufen tëscht 2003 an 2021 5.174 Permisen agezunn. An deem selwechten Zäitraum goufen iwwer eng Millioun (1.036.317) Punkten agesammelt. Beim ACL ass et de Constat, datt d’Leit de System mat de Punkten nach net ganz verstanen an direkt ëm hire Führerschäin fäerten.

Frank Maas, Responsabel vum Diagnostikzenter vum ACL: “Ganz genau, dat ass eng Angscht, déi ganz vill Leit hunn, datt wann se Punkte verléieren, se och direkt de Führerschäi verléieren. Et ass wichteg ze soen, datt dat net de Fall ass, mee wann ee Punkte verléiert an déi nächst dräi Joer keng weider Infraktioun mécht, kritt een déi Punkten och erëm zréck.”

Doriwwer eraus gëtt et d’Méiglechkeet beim Centre de formation pour conducteurs ee Cours ze absolvéieren an dräi Punkten zeréckzekréien. Esou ee Cours kann een eng Kéier an dräi Joer besichen. Alternativ kann ee sech och einfach un de Code de la route halen, méi bëlleg gëtt dat op alle Fall.

Back to Top
CIM LOGO