Reamenagement vum Echangeur SennengerbiergSortie Findel op der A1 wéinst Tramsaarbechte bis Fréijoer 2024 gespaart

RTL Lëtzebuerg
Vun e Méindeg, dem 6. Mäerz u bis am Fréijoer 2024, wäert d'Sortie a Richtung Fluchhafe wéinst der Ëmgestaltung vum Echangeur Sennengerbierg gespaart sinn.
© Domingos Oliveira

Wéi Ponts et Chaussées matdeelen, wäert wärend den Aarbechte fir d’Tramsstreck eng Deviatioun ageriicht ginn, esou datt d’Automobilisten a Richtung Sennengerbierg musse fueren, fir op d’Route de Trèves ze kommen. Do gëtt d’Kräizung mat Roude Luuchte gereegelt.

© Ponts et Chaussées
© Domingos Oliveira

D’Schreiwes vu Ponts et Chaussées vun en Donneschdeg, dem 2. Mäerz 2023.

Back to Top
CIM LOGO