
D’Notze vu E-Autoen an Däitschland ass am Januar bedeitend eropgaangen. Am Verglach mam selwechte Mount vum Joer virdrun goufe ronn 34.500 nei E-Autoen zougelooss, 53,5 Prozent méi wéi am selwechte Mount vum leschte Joer, esou déi däitsch Autoritéite zoustänneg fir Stroossegefierer, KBA. Si hunn hire Rapport e Mëttwoch publizéiert. Reng Elektroautoen hunn am Januar 2025 bei eisen Nopere ronn 16,6 Prozent vun all de Gefierer ausgemaach. Domadder leie se hannert den Hybriden (37,1%) a Bensinner (30%). D’Diesele komme grad emol op 15,9 Prozent.
Am Ganzen ass de Verkaf vun neien Autoen am Januar awer erofgaangen. Mat 207.640 Autoen sinn der dem KBA no 2,8 Prozent manner zougelooss ginn, wéi am selwechte Mount vum leschte Joer.
Den Elon Musk huet am Januar 59 Prozent manner Gefierer an Däitschland op d’Strooss bruecht, wéi dat nach de Januar 2024 de Fall war. Der Beroderfirma EY no ass den Undeel un Tesla-E-Autoen um däitsche E-Auto-Marché vu 14 Prozent op 4 Prozent erofgaangen.