
Nei ass ënnert anerem, datt een dës Hëllef och iwwert seng Leasing-Firma kann ufroen. An d’Installatioun vun de Bornen a Co-Proprietéite gëtt vereinfacht. Esou wëll een d’Dekarboniséiere vun der privater Mobilitéit nach weider ënnerstëtzen, heescht et am Communiqué vum Ëmweltministère.
D’Hëllef gouf 2020 agefouert. Iwwer 3.500 mol gouf se zanterhier ausbezuelt.